Wärend de 24 Stonnen ass de Ralph Diseviscourt 843 Kilometer gefuer.

Op der 24-Stonne-Weltmeeschterschaft am Ultracyclissem zu Borrego Springs an den USA kënnt de Ralph Diseviscourt op déi 2. Plaz. Wärend deene 24 Stonnen ass den "Dizzy" 843 Kilometer gefuer.
 
Gewonnen huet den Éisträicher Philipp Kaider. Drëtte gouf de Slowen Staninslav Verstovšek.
 
De Ralph Diseviscourt hat dee beschten Depart a louch och déi éischt Stonnen a Féierung. Nodeems hien awer Problemer mam Mo krut, ass hien zeréckgefall.
 
Et war déi éischte Kéier an der Geschicht vun dëser Course, datt déi dräi Éischt am Klassement wärend deene 24 Stonnen iwwer 500 Meile gefuer sinn.

D'Course ass an der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit op en Enn gaangen.