Sëlwer fir d'Marie Schreiber bei den U23-Dammen
D'Lëtzebuergerin huet sech am Sprint der Franséisin Célia Gery misse geschloe ginn.
D'Marie Schreiber huet sech e Sonndeg am spuenesche Pontevedra op der Cyclocross-EM op en Neits Sëlwer bei den U23-Damme geséchert. D'Lëtzebuergerin huet sech am Sprint missen der Franséisin Célia Gery geschloe ginn. Op déi drëtte Plaz ass d'Leonie Bentveld op véier Sekonne gefuer.
D'Marie Schreiber huet eng ganz staark Leeschtung gewisen. D'Lëtzebuergerin huet d'Course vun der Spëtzt aus bestëmmt a war ganz no drun un der Goldmedail. Um Enn hunn e puer Zentimeter gefeelt. D'Marie Schreiber wollt no der Course net vun Enttäuschung schwätzen, ma et wier éischter eng Roserei do, datt si déi ganz Course vu vir gefuer wier, ma d'Victoire awer un enger Damm gaange wier, sou d'Lëtzebuergerin no der Course am Interview.
De Resumé vun der Course
D'Marie Schreiber ass beim Depart ganz gutt fortkomm an huet sech direkt un d'Spëtzt gesat. Si konnt sech direkt am 1. Tour mat der Franséisin Célia Gery an der Hollännerin Leonie Bentveld eng Avance op d'Konkurrenz erausfueren. D'Kristyna Zemanova huet sech op der véierter Positioun agereit. D'Tschechin konnt den Tempo vum Trio un der Spëtzt net iwwer de ganze Circuit ewech matgoen, sou datt si ëmmer nees opgeschloss huet an dann awer och nees huet misse lassloossen.
Um Enn vum 2 vun am ganze 6 Tier hate Schreiber, Bentveld a Gery eng Avance vu 7 Sekonnen op d'Zemanova. Schonn do war kloer, datt d'Medailen ënnert dëse véier Coureurinne géinge verdeelt ginn, well de Réckstand op déi weider Konkurrenz scho bei 30 Sekonne louch.
D'Marie Schreiber huet d'Course vun der Spëtzt aus gemaach. Am drëtten Tour huet d'Lëtzebuergerin attackéiert a probéiert, fir sech vun hiren zwou Konkurrentinnen ofzesetzen. Si krut e Lach vun e puer Meter, ma Gery a Bentveld konnten nees opschléissen. Am Agang vum véierten Tour hat den Trio un der Spëtzt eng Avance vun 21 Sekonnen op d'Zemanova.
Och am Agang vum zweetleschten Tour war et dat nämmlecht Bild. D'Lëtzebuergerin louch viru Gery a Bentveld a Féierung. D'Zemanova ass dogéint weider zeréckgefall an ass mat engem Retard vu 36 Sekonnen gemooss ginn.
D'Decisioun sollt um Enn am leschten Tour falen. Schreiber a Gery sinn zesummen an dëse gaangen. D'Bentveld konnt den Tempo net méi ganz matgoen an hat e Réckstand vu véier Sekonnen. Am Sprint huet sech dunn d'Célia Gery Gold geséchert, dat virum Marie Schreiber an dem Leonie Bentveld.
E Sonndeg de Moie war mam Lennox Papi e weidere Lëtzebuerger op der Cyclocross-EM um Depart. Hien ass bei de Junioren op déi 35. Plaz gefuer, dat mat engem Retard vun 3 Minutten a 16 Sekonnen op den Europameeschter Mattia Agostinacchio aus Italien.
Schonn e Freideg hat sech bei de Masters d'Suzie Godart den Europameeschtertitel geséchert.
D'Resultat vun den U23-Dammen

© Screenshot