Mark Cavendish wënnt lescht Course a senger Karriär

© AFP
Zanter 2005 war de Cavendish am professionelle Peloton ënnerwee an huet net manner wéi 165 Coursse gewonnen.
De Mark Cavendish huet seng lescht Course a senger Karriär gewonnen. De Britt huet sech bei engem Critérium zu Singapur géint de Belsch Jasper Philipsen an den Eriträer Binjam Girmay duerchgesat.
Mam Mark Cavendish verléisst ee vun de ganz grousse Coureuren de Peloton. Mat 39 Joer zitt de Sprinter vun der Isle of Man ee Schlussstréch ënnert eng ganz laang Karriär.
"Ech sinn emotional an dankbar", sou de Coureur vun Astana no sengem leschte Succès. Hie wëll och an Zukunft dem Cyclissem erhale bleiwen. A wéi enger Form huet de Mark Cavendish awer nach net präziséiert.
Zanter 2005 war de Cavendish am professionelle Peloton ënnerwee an huet net manner wéi 165 Coursse gewonnen. A sengen éischte Jore bei de Profie war hien een "Enfant Terrible". Relativ dacks huet hien am Sprint mat ganz haarde Bandagë gekämpft a war och méi oder manner reegelméisseg dru Schold, datt et zu Chutte koum. An de leschte Joren ass hien net méi esou haart gefuer an awer sinn d‘Victoiren net ausbliwwen.
De "Cav" huet ee Palmarès, wéi der net vill een hunn
2011 gouf hie Weltmeeschter. Hien huet an den dräi groussen Tier Etappe gewonnen. Dräimol an der Vuelta, 17 Etappen am Giro a 35 Mol ass hien als Éischten iwwer de wäisse Stréch am Tour de France gefuer. Domadder huet hien de Rekord vum Eddy Merckx verbessert.
Am Tour de France huet de Cavendish och zweemol de Maillot Vert vum beschte Sprinter op de Champs Elysée op de Schëllere gehat.
2009 huet hie mat Mailand – San Remo och eent vun de sougenannte Monumenter am Cyclissem gewonnen.