
Op der 4. Etapp vum Tour de France gouf et no hiwwelegen 181,9 Kilometer vu Carcassone op Foix eng Victoire aus der Echappée eraus vum Mads Pedersen. Den Dän konnt sech am Sprint zäitgläich virum Quinn Simmons an dem Raul Garcia behaapten.
De Lëtzebuerger Alex Kirsch war laang mat an der Echappée, huet awer 40 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen. Um Enn koum hien op déi 24. Plaz, dat mat engem Retard vu 7 Minutten a 54 Sekonnen.
De Peloton ronderëm d'Favoritten an de Leader am General Tadej Pogacar huet d'Echappée fuere gelooss. Um Enn war den Ecart sou grouss, datt den Torstein Traeen elo d'Féierung am General iwwerhëlt. Den Alex Kirsch läit do op Plaz 130.
Och en Dënschdeg war de Peloton an der Géigend vun de Pyrenäen am Süde vu Frankräich ënnerwee. Aktuell ass et do jo richteg waarm, dat mat Temperature bis zu 40 Grad Celsius. De Leader am General huet d'Fuere bei esou enger Hëtzt als "logisteschen Albdram" beschriwwen, well et op der Arrivée ëmmer Reiwereie ginn, fir sou séier wéi méiglech u Waasser ze kommen. Dem Slowen seng Victoire e Méindeg, mat där hien d'Féierung am General vum Jonas Vingegaard iwwerholl hat, hat awer sécherlech e bësse bei der Ofkillung gehollef.
Op deenen hiwwelegen 181,9 Kilometer vu Carcassonne op Foix, mat zwee Colle vun der zweeter Kategorie a jeeweils engem vun der drëtter a véierter Kategorie, huet sech relativ fréi eng grouss Echappée forméiert. 34 Coureuren hate sech duerch d'Bascht gemaach, dorënner och de Lëtzebuerger Alex Kirsch. Dëse grousse Grupp konnt sech tëschenzäitlech eng Avance vun iwwer 6 Minutten erausfueren. De Peloton huet d'Echappée gréisstendeels fuere gelooss.
An der Suite goufen et ëmmer rëm Attacke ganz vir. Ënner anerem de Mathias Vacek an de Jan Tratnik konnte sech ofsetzen. Hannendru waren e puer Gruppen ënnerwee. Ronn 70 Kilometer huet de Lëtzebuerger Alex Kirsch attackéiert a konnt e bësse méi spéit bei den Duo Vacek/Tratnik opschléissen.
De Verfollger-Grupp huet an der Suite hannendrun Tempo gemaach an den Ecart op den Trio un der Spëtzt ass ëmmer méi kleng ginn, éier et an déi lescht Montée vum Dag, de Col de Montségur, goung. De Grupp ass vun hanne bäigefuer, den Alex Kirsch huet dogéint ronn 40 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen. Den Ecart op de Peloton ass op iwwer 8 Minutte geklommen.
Ronn 30 Kilometer virun der Arrivée konnt sech dunn e gréissere Grupp vun 10 Coureuren ofsetzen, dorënner den Torstein Traeen an de Sean Quinn, déi am General ronn 5 Minutte Retard op den Tadej Pogacar haten. Ma donieft och ënner anerem de Kevin Vauquelin an de Mads Pedersen. Dëse Grupp koum dann an der Konstellatioun op d'Arrivée mam besseren Enn fir de Mads Pedersen.
E Mëttwoch dierften normalerweis d'Sprinter op hir Käschte kommen. Op der 5. Etapp geet et iwwer flaach 158,3 Kilometer vu Lannemezan op Pau.