
Op der Place de Verdun zu Pau war et endlech eng Arrivée fir d'Sprinter. Um Stréch huet sech den Olav Kooij duerchgesat, virum Max Kanter aus Däitschland an dem Belsch Tim Merlier.
Den eenzege Lëtzebuerger Alex Kirsch, dee gëschter laang an der Echappée vum Dag war, ass mat engem Retard vun 2 Minutten an 11 Sekonnen als 133. iwwer d'Arrivée gefuer. Ronn 6 Kilometer viru Schluss war him d'Ketten erofgesprongen, sou datt hie mam Sprint näischt ze dinn hat.
Vum Depart ewech hat sech de Baptiste Veistroffer ofgesat an ass vum Peloton fuere gelooss ginn. Zäitweis louch d'Avance vum Fransous bei méi wéi 3,5 Minutten. Réischt wéi manner wéi 50 Kilometer ze fuere waren, huet d'Feld acceleréiert, wärend d'Favoritten op de General sech weider zréckgehalen hunn. An der eenzeger Schwieregkeet vum Dag, der Côte de Baleix, eng Montée vun der drëtter Kategorie, hat de Veistroffer weider Käre gelooss a sou war 25 Kilometer viru Schluss nëmmen nach eng knapp Minutt vu senger Avance iwwreg.
Uewen op der Kopp hu sech de Fred White, de Kasper Asgreen an de Valentin Paret-Peintre vum Peleton ofgesat an hir Chance an enger Echappée gesicht. Laang konnte se sech awer net un der Spëtzt halen a wéi nach 14 Kilometer ze fuere waren, huet de Peleton de "plus combatif" vum Dag Baptiste Veistroffer rëmkritt a sou konnt sech op de finale Sprint zu Pau preparéiert ginn.
6 Kilometer viru Schluss ass dem Lëtzebuerger Alex Kirsch d'Ketten erofgesprongen, nëmme wéineg méi spéit koum et zu enger Chute, an déi ënnert anerem de Michael Matthews an den Alex Molenaar verwéckelt waren. D'Approche zum Sprint war op engem geféierlechen Tracé eng nervös.
En Donneschdeg wäert et an d'Bierger goen, wann de Peleton iwwer 186,2 Kilometer vu Pau op Gavarnie-Gèdre fiert. E wichtegen Dag fir d'Coureuren, déi op d'Klassement fueren. RTL iwwerdréit vu 15 Auer u live op der Tëlee an op RTL Play.