No der 5. Etapp vum Tour de FranceAlex Kirsch: "D'Hëtzt mécht ville Coureuren d'Liewe schwéier"

RTL Lëtzebuerg
De Coureur vu Cofidis ass mat senger Leeschtung vun en Dënschdeg zefridden.

En Dënschdeg war den Alex Kirsch op der 4. Etapp vum Tour de France an der Echappée. Nodeem hien eng Zäit zesumme mat Tratnik a Vacek un der Spëtzt geleeën hat, war et um Enn fir de Coureur vu Cofidis déi 24. Plaz.

Kuerz no der Arrivée vun der 5. Etapp huet den Alex Kirsch eis aus dem Bus vun der Ekipp e kuerzem Interview ginn. Hie wéisst sech zefridde mam Dag vun en Dënschdeg an huet vill Energie dran investéiert, fir de Sprong an de gudde Grupp ze packen. Fir de 34 Joer ale Coureur sinn déi héich Temperaturen am Moment grad esou e Problem wéi fir vill aner Coureuren an et heescht, de Kierper gutt ofkillen.

Wichteg an néideg Ofkillung fir den Alex Kirsch
Wichteg an néideg Ofkillung fir den Alex Kirsch
© DAVID PINTENS / BELGA MAG / BELGA VIA AFP

Déi 5. Etapp um Mëttwoch war dat éischt grouss Zil fir déi franséisch Ekipp Cofidis. Et wollt ee mam jonke Belsch Milan Fretin dat bescht méiglecht Resultat erausfueren. 5 Kilometer virun der Arrivée war dem Alex Kirsch awer d'Ketten erof gefall an hie konnt doropshin näischt méi fir seng Ekipp maachen. Fir de Milan Fretin war et um Enn déi 8. Plaz.

En Donneschdeg geet et déi éischte Kéier an d'Bierger. Hei heescht et lo gutt duerch ze kommen. Den Alex Kirsch erwaart sech en éischte ganz wichtegen Dag fir d'Favoritten.

Back to Top
CIM LOGO