
Den Tadej Pogacar huet eng éischte Kéier d'Muskele spille gelooss. Op der Biergarrivée zu Gavarnie-Gèdre hat de Slowen eng Avance vun zwou Minutten a 40 Sekonnen op de Jonas Vingegaard an huet domat seng 23. Etappevictoire am Tour de France gefeiert. De véierfache Gewënner dréit elo rëm de Maillot jaune. Drëtten am Sprint op 3 Minutte gouf den Isaac del Toro.
De Lëtzebuerger Alex Kirsch huet sech als 79. klasséiert mat engem Réckstand vun 38 Minutten a 25 Sekonnen, am General läit hien elo op der 116. Plaz.
Um sechsten Dag vum Tour de France 2026 stoung déi bis elo schwéierst Etapp um Programm. Vu Pau goung et iwwer de Col d’Aspin an de legendäre Col du Tourmalet bis op d'Biergarrivée zu Gavarnie-Gèdre. D'Kombinatioun aus deenen zwee legendäre Päss an der neier Finall huet d'Etapp besonnesch interessant gemaach.
5 Colle stoungen um Programm, mam Col du Tourmalet deen éischten "hors catégorie". 43 Kilometer viru Schluss hat de Pogacar zesumme mam Isaac del Toro attackéiert. An net vill spéider war de Weltmeeschter eleng un der Spëtzt. Hien huet kloer gewisen, dass d'Victoire och dëst rëm nëmmen iwwert hie wäert féieren.
Mat enger Moyenne vun 23,4 Kilometer an der Stonn ass de Pogacar den Tourmalet eropgefuer. Hien ass iwwregens den éischten aktuelle Weltmeeschter, deen déi legendär Montée als Éischten uewenaus war. An der Descente huet de Slowen och keng Gefaangener gemaach. 107 Kilometer an der Stonn goufe bei him gemooss. De Maillot jaune Torstein Traeen ass nom Tourmalet gefall a konnt net direkt weiderfueren. Hannendrun hunn déi aner Favoritte sech ëm d'Plazen duelléiert, woubäi de Jonas Vingegaard sech als éischte Verfollger nach am beschten aus der Affär gezunn huet. En huet gelidden, seng aacht Verfollger konnten oder wollten net méi no kommen.