Viru kuerzem gouf de Ralph Diseviscourt Vize-Weltmeeschter bei der 24-Stonne-Weltmeeschterschaft. D'Ultra-Cycling-Course war zu Borrego Springs an den USA.

Nodeems den "Dizzy" aus de States zeréck ass, denkt hien driwwer no, fir nees un den Depart vun der Race Across America ze goen. Zweemol ass hien déi legendär Course, bei där et iwwer ronn 5.000 Kilometer vun der West- op d‘Ostküst vun den USA geet, scho gefuer. Den Ultra-Cyclist ass eng Kéier de Véierten an eng Kéier den Zweete ginn.

Elo géif hie gären dat nächst Joer eng drëtte Kéier un den Depart vun der RAM goen. Allerdéngs ass dat mat engem héije finanziellen Opwand verbonnen. Am RTL-Interview huet hien erzielt, wat fir eng Schwieregkeeten op hien duerkommen.

Ralph Diseviscourt am RTL-Interview