De Viki" Gomez ass net nëmmen un der Competitioun bedeelegt, mee dréit och e groussen Deel bei der Organisatioun bäi.

De Jorge Gomez, och bekannt ënnert dem Numm Viki Gomez, ass ee BMX-Flatland-Spezialist. Eng Disziplin, déi sech staark vun deenen anere Vëlossport-Disziplinnen ënnerscheet. Mat der Europameeschterschaft huet de gebiertege Spuenier, dee säi Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, eng Chance, sech virun heemesche Publik ze beweisen. Dëst ass just méiglech, well de Viki Gomez sech mat der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun zesummegesat huet, fir dëst Evenement méiglech ze maachen.

"Duerch d’UCI an der Lëtzebuerger Vëlosfederatioun konnte mir d’Europameeschterschaften op Lëtzebuerg bréngen. Dat war mäin Dram. D'Federatioun ass ganz motivéiert, dëst Evenement ze organiséieren.“

De Viki Gomez konnt scho grouss Erfolleger am Flatland erreechen. Nieft sengem Succès bei den NORA CUP Awards an den USA, wou e gläich dräi mol gewanne konnt, ass de Viki Gomez an de Joren 2010, 2015 an 2016 souguer Weltmeeschter ginn an 2 mol Vize-Weltmeeschter. Den 43 Joer alen Athlet freet sech op d’Europameeschterschaften an de Rotonden an der Stad. De Freideg stinn dann déi éischt Qualifikatiounsleef um Programm. Finalle ginn e Samschden den Owend an de Rotonden ofgehalen. Eng Plaz, déi hoffentlech vill Spectateuren unzitt, esou de Viki Gomez.

"Ech denken d’Rotonden ass déi perfekte Plaz fir dëst Evenement. Et ass esou schéin a se hunn eis vill gehollef bei der Organisatioun. Ech wëll, dass jiddereen eng gutt Zäit huet."

Flatland-EM an den Rotonden
Mam Viki Gomez steet ee Lëtzebuerger Resident mat an der Virentscheedung.