E Samschdeg fiert d'Christine Majerus hir allerlescht Course. Domadder geet d'Karriär vun enger vun de gréisste Lëtzebuerger Sportlerinnen op een Enn.

Zanter 12 Joer ass d’Christine Majerus an der Sportsektioun vun der Lëtzebuerger Arméi. Fir d'Coureuse war et dofir wichteg, datt de Cyclocross vun der Arméi zu Dikrech um Botterweck déi leschte Course wier, déi si géif fueren.

Dem Christine Majerus hire Palmarès ass impressionnant: Ënnert anerem gouf si 43 Mol Lëtzebuerger Championne - dat combinéiert am Cyclocross, Zäitfueren a Stroossecourse -, huet Boels Ladies Tour gewonnen, konnt de Festival Elsy Jacobs fir sech decidéieren, huet e Weltmeeschtertitel am Zäitfuere mat der Ekipp a war op véier Olympesche Spiller mat dobäi. Vun der Lëtzebuerger Sportpress gouf si siwe Mol zu der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.

D’Christine Majerus geet e Samschdeg um 14.16 Auer un den Depart vum Cyclocross vun der Arméi.
 
Am RTL Interview huet d'Grande Dame vum Lëtzebuerger Vëlossport erzielt, firwat hir déi Course esou speziell um Häerz läit.

Interview mat der Christine Majerus