
Bei enger weiderer Biergarrivée um Corno alle Scale huet de grousse Favorit Jonas Vingegaard seng Qualitéiten nees eng Kéier ënner Beweis gestallt. Den Dän konnt de Felix Gall op de leschte Meter vun der Montée stoe loossen an ass senger zweeter Victoire bei dësem Giro d'Italia entgéint gefuer. De Maglia Rosa Afonso Eulalio koum als Fënneften no 184 Kilometer un. De Circuit huet d'Coureure vun der adriatescher Küst (Géigend vu Ravenna) laanscht Bologna bis un d'Grenz vun der Toskana an d'Appenninne geféiert. Et waren 2.400 Héichtemeter ze iwwerwannen.
Eng Echappée mat sechs Coureuren, mat ënner anerem dem Giulio Ciccone, war mat iwwer 2 Minutten Avance op déi 26 Kilometer laang Montée op de Corno alla Scale gaangen. Virun der Arrivée stoung awer nach e Bierg vun der Kategorie 3 um Plang, no deem sengem Passage den Ciccone attackéiert huet; just den Einer Rubio konnt nogoen. Vun hanne koum de Peleton awer ëmmer méi séier erun. Néng Kilometer virun der Arrivée waren et nach 80 Sekonne Virsprong fir déi zwee Leaderen, mee dës Avance ass an der géier Montée (10 - 15 Prozent) séier geschmolt. Dovun hunn de Jonas Vingegaard an de Felix Gall profitéiert a si laanscht den Italieener a säi Komerod gezunn.
De Vingegaard huet sech op de leschte Meter vun der Montée vum Gall ofgesat an duerft sech iwwer seng zweet Victoire freeën.
Am General bleift den Afonso Eulalio op der éischter Plaz. De Vingegaard kann de Réckstand op 2'24'' verkierzen an de Felix Gall huet elo 2'59'' Réckstand op de Leader.
1 Jonas Vingegaard 4:20:21
2 Felix Gall 0:12
3 Davide Piganzoli 0:34
4 Thymen Arensman 0:34
5 Afonso Eulalio 0:41
6 Derek Gee 0:46
7 Mathys Rondel 0:46
8 Sepp Kuss 0:46
9 Jai Hindley 0:50
10 Michael Storer 0:50
1 Afonso Eulalio 38:49:44
2 Jonas Vingegaard 2:24
3 Felix Gall 2:59
4 Jai Hindley 4:32
5 Christian Scaroni 4:43
6 Thymen Arensman 5:00
7 Mathys Rondel 5:01
8 Ben O'Connor 5:03
9 Giulio Pellizzari 5:15
10 Michael Storer 5:20