D'Lëtzebuergerin koum um Enn 8 Sekonnen hannert der Gewënnerin Ceylin Alvarado op déi excellent 3. Plaz.

Beim Superprestige am Cyclocross zu Merksplas an der Belsch huet d'Marie Schreiber op en Neits eng ganz gutt Course gewisen. Um Enn hu just 8 Sekonnen op déi d'Ceylin Alvarado op der 1. Plaz gefeelt. Op déi 2. Plaz koum mam Lucinda Brand déi 2. Hollännerin mat engem Retard vun 3 Sekonnen op d'Alvarado.

Hannert der Lëtzebuergerin sinn d'Sara Casasola aus Italien an d'Inge van der Heijden ukomm.

Bei den Hären huet sech de Belsch Laurens Sweeck am Sprint virum zweete Belsch Toon Aerts behaapt. 4 Sekonnen hannert dem Vainqueur konnt de Lars van der Haar de Podium komplettéieren.

D'Resultater vun den Dammen

1 ALVARADO Ceylin Del Carmen 45:39
2 BRAND Lucinda +0:03
3 SCHREIBER Marie +0:08
4 CASASOLA Sara +0:13
5 VAN DER HEIJDEN Inge +0:28
6 WORST Annemarie +0:47
7 BACKSTEDT Zoe +0:55
8 BAKKER Manon +0:59
9 BENTVELD Leonie +1:03
10 VERDONSCHOT Laura +1:10

D'Resultater vun den Hären

1 SWEECK Laurens 1:01:04
2 AERTS Toon ,,
3 VAN DER HAAR Lars +0:04
4 NYS Thibau ,,
5 VANTHOURENHOUT Michael ,,