E Sonndeg war déi éischt Manche vum Cyclocross-Weltcup. D'Marie Schreiber koum op déi drëtt Plaz hannert der Gewënnerin Fem van Empel an der Lucinda Brand.

Beim éischte Weltcup vun dëser Saison zu Antwerpen gouf et eng Victoire vun der Fem van Empel aus Holland virun hirer Landsfra Lucinda Brand.

No 6 Tier duerch Sand a Bulli laanscht d'Küst vun Antwerpen konnt sech d'Marie Schreiber iwwer déi drëtt Plaz freeën. D'Lëtzebuergerin hat e Retard vun 1 Minutt 11 Sekonnen op d'Gewënnerin. Si konnt ënner anerem d'Sara Casasola an d'Ceylin Alvarado, déi d'lescht Woch zu Hamme nach eng Victoire feiere konnt, hannert sech loossen a souguer déi zweetséierst Zäit vun der Course (8:21,6) realiséieren.

Nieft der Marie Schreiber waren nach d'Layla an d'Maité Barthels zu Antwerpen un den Depart gaangen. D'Maïté Barthels ass een Dag no hirem 23. Gebuertsdag op déi 40. Plaz gefuer. Hir Schwëster Layla huet am 4. Tour opginn.

Bei den Häre gouf et eng dräifach Victoire fir d'Belsch. Den Eli Iserbyt huet sech virum Laurens Sweeck (+ 11) an dem Michael Vanthourenhout (+ 28) duerchgesat.

Bei de Juniore war nach e Lëtzebuerger mat um Depart. De 17 Joer jonken David Loschetter ass d'Course net op en Enn gefuer. De Gewënner housch Arthur van den Boer aus der Belsch.