
Keen einfachen Dag stoung e Mëttwoch fir de Peloton um Programm. Virun allem dat schlecht Wieder an den hiwwelege Parcours hunn de Coureure Problemer gemaach. D’Spëtzeleit am General haten net hire beschten Dag erwëscht, dorënner de Kevin Vauquelin. De Fransous vun INEOS GRENADIERS huet direkt vun Ufank un Zäit verluer an hat Schwieregkeeten, dat Lach zou ze fueren. Donieft hat och de Maillot Jaune Juan Ayuso Pech. De spuenesche Leader am General ass ronn 47 Kilometer virun der Arrivée gefall, huet d’Course missen opginn a gouf doropshin an d’Spidol bruecht.
Um Enn konnt sech de Jonas Vingegaard aus der Echappée eraus behaapten. Den Dän hat ënnert der “Flamme rouge” an der leschter Montée vum Dag vun der éischter Kategorie attackéiert an op der Arrivée eng Avance vun 41 Sekonnen op den Daniel Martinez. Drëtte gouf dem Spuenier säi Co-Equipier Tim Van Dijke, deen um Enn e Retard vun 45 Sekonnen hat. De Vingegaard iwwerhëlt domadder d’Féierung am General.
Déi béid Lëtzebuerger Arthur Kluckers an Alex Kirsch koumen e Mëttwoch op déi 72. respektiv 92. Plaz. Am General läit den Kluckers op Plaz 79, de Kirsch op Plaz 119.
1. Jonas Vingegaard TEAM VISMA | LEASE A BIKE 04h 16' 12'’
2. Daniel Martinez RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 41"
3. Tim Van Dijke RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 45"
4. Mick Van Dijke RED BULL - BORA - HANSGROHE + 01' 42"
5. Georg Steinhauser EF EDUCATION - EASYPOST + 02' 54"
6. Kevin Vauquelin INEOS GRENADIERS + 03' 38"
7. Lenny Martinez BAHRAIN VICTORIOUS + 04' 02"
8. David Gaudu GROUPAMA-FDJ UNITED + 04' 20"
9. Jensen Plowright ALPECIN-PREMIER TECH + 04' 55"
10. Marc Soler UAE TEAM EMIRATES XRG + 05' 07"
...
72. Arthur Kluckers TUDOR PRO CYCLING TEAM + 26' 24"
92. Alex Kirsch COFIDIS + 31' 39"
1. Jonas Vingegaard TEAM VISMA | LEASE A BIKE 12h 53' 15'’
2. Daniel Martinez RED BULL - BORA - HANSGROHE + 00' 52"
3. Georg Steinhauser EF EDUCATION - EASYPOST + 03' 20"
4. Kevin Vauquelin INEOS GRENADIERS + 03' 39"
5. David Gaudu GROUPAMA-FDJ UNITED + 05' 02"
6. Lenny Martinez BAHRAIN VICTORIOUS + 05' 07"
7. Tim Van Dijke RED BULL - BORA - HANSGROHE + 05' 33"
8. Marc Soler UAE TEAM EMIRATES XRG + 05' 45"
9. Jensen Plowright ALPECIN-PREMIER TECH + 06' 27"
10. Ion Izagirre COFIDIS + 06' 32"
...
79. Arthur Kluckers TUDOR PRO CYCLING TEAM + 32' 43"
119. Alex Kirsch COFIDIS + 39' 01"