Bei den Dammen huet sech e Sonndeg d'Gwen Nothum duerchgesat.

Bei Temperaturen em de Gefréierpunkt sinn eng 20 Konkurrenten zu Schëffleng un den Depart gaangen. Net nëmmen d'Temperaturen, mee och de physesche Parkour huet de Konkurrenten alles ofverlaangt. De Lëtzebuerger Champion Loic Bettendorff war net mat um Depart.

D'Ae waren esou all op d'Favoritte Ken Conter, Noa Berton an Elio Clarysse geriicht. No engem séieren Depart konnt sech den Noa Berton am éischten Tour eng kleng Avance vu 5 Sekonnen op den Elio Clarysse rausfueren. Hannen drun huet sech e klenge Grupp mam Ken Conter gebilt, de manner gutt an d'Course gestart ass.

No zwee Tier gouf et e wiessel un der Spëtzt. Den Elio Clarysse konnt d'Lach op den Noa Berton zoufueren an huet och direkt attackéiert. Sou konnt sech de Coureur aus der Belsch eng Avance vun 10 Sekonnen op den Noah Berton rausfueren. De Coureur vum Toproad Reiserbann hat kuerz drop nach technesch Problemer an ass ob déi 10 Plaz gerutscht. Den Elio Clarysse huet säin Ecart stabiliséiert an ass seng Course eleng un der Spëtzt gefuer.

Hannendru gouf et eng spannend Course fir d'Podiumsplazen. De Ken Conter, Enzo Chopineau a Théo Jung hunn sech géigesäiteg attackéiert. No enger Relance vum Ken Conter konnt de Coureur vum Team Snooze sech vum Fransous awer schlussendlech léisen a konnt den Ecart zum Elio Clarysse am leschten Tour ob 15 Sekonne verkierzen. De Belsch huet den Drock vum Ken Conter Stand gehalen a gewënnt säin éischte Cross vun der Saison. De Podium komplettéieren de Ken Conter an den Enzo Chopineau.

D'Dammecourse huet d'Gwen Nothum vum UC Dippech gewonnen. Nodeems d'Nina Berton net un den Depart gaangen ass, konnt sech d'Athleetin vum UC Dippech mat enger komfortabeler Avance duerchsetzen. De Podium komplettéieren d'Inès Marchesan an d'Elena Lopes.