Technik-Training fir déi ganz Jonk zu Schëffleng
Leschte Sonnden huet d'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun am Kader vum regionale Cyclocross zu Schëffleng en Technik-Training fir déi ganz Jonk organiséiert.
Mat der Presenz vum Jempy Drucker, Brian Nugent a Frank Schleck hunn déi Jonk Sportler immens vill an enger Stonn geléiert. En neie Wand bléist duerch d’Vëlosfederatioun, déi am September mam Brian Nugent d’Ekipp vun den Trainere verstäerkt huet. Nodeems den Ir scho fir eng Rëtsch aner Federatioune geschafft huet, huet hien de Wee op Lëtzebuerg am Rôle vum neien Development-Coach fonnt.
Zu Schëffleng hunn déi ronn 10 jonk Athleetinnen an Athleete ganz vill Erfarung vum Jempy Drucker mat op de Wee kritt. De fréiere Profi a Cyclocross-Spezialist huet hei de jonke Sportler gewisen, wéi ee säi Vëlo besser beherrscht.
Mat Slalomtraining, deene spezifesche Cross-Techniken an Departen, kruten déi Jonk e volle Programm gebueden. Dobäi stoung de Spaass am Vierdergrond.
Zefridde waren net nëmmen d’Kanner, mee och de Cyclocross-Nationaltrainer Jempy Drucker.
Den nächste Rendez-vous ass de 15. Dezember zu Ettelbréck.