Remco Evenepoel no Accident beim Training hospitaliséiert

© AFP
Enger oppener Dier vun enger Camionnette, déi fir déi belsch Post ënnerwee war, konnt den zweefachen Olympia-Gewënner net auswäichen.
De belsche Vëlosfuerer Remco Evenepoel gouf en Dënschdeg wärend dem Training an en Accident verwéckelt. Wéi de Manager vun der Ekipp Soudal Quick-Step matgedeelt huet, wier den Evenepoel eleng ënnerwee gewiescht, wéi en an de Stroosse vun der Gemeng Gooik am Nordoste vu Bréissel an eng oppen Dier vun enger Camionnette gerannt wier.
Op de Biller vu belsche Medien ass ze gesinn, wéi de Remco Evenepoel vun Ambulanciere behandelt gëtt. Fir weider Ënnersichunge gouf hien duerno hospitaliséiert. De Lefèvre huet weider matgedeelt, datt den zweefachen Olympiagewënner sech un der Schëller an un der Hand wéigedoen hätt. Et bleift ofzewaarden, wéi uerg d'Blessuren ausfalen.