E Sonndeg de Mëtteg war zu Namur déi véiert Manche vum Cyclocross-Weltcup, nodeems déi drëtt am italieenesche Cabras um leschte Weekend ofgesot gi war.

Op der Arrivée gouf et bei der Dammen Elite ee ganz hollännesche Podium mat der Gewënnerin Ceylin Del Carmen Alvarado, dat sech no 48:17 Minutte mat engem Ecart vun 9 Sekonnen op d'Lucinda Brand a mat 34 Sekonnen op d'Puck Pieterse duerchsetze konnt. Fir d'Lëtzebuerger Coureure Marie Schreiber stoung um Enn mat engem Ecart vun 1:13 Minutt déi 5. Plaz.

Am General steet d'Marie Schreiber elo mat 65 Punkten eleng op der 3. Plaz, nodeems si sech dës Positioun nach no der leschter Course punktgläich mam Zoe Backstedt gedeelt hat. D'Fem van Empel ass mat 89 Punkten Zweet a Leader ass d'Lucinda Brand mat 100 Punkten.

Bei der Hären Elite huet sech de Michael Vanthourenhout déi zweet Victoire hannertenee geséchert. De Belsch war no 1:03:23 Stonn viru sengen zwee Landsmänner Toon Aerts (+11 Sekonnen) an Emiel Verstrynge (+30 Sekonnen) ukomm.

Am General baut de Michael Vanthourenhout säi Virsprong domat un der Spëtzt op 105 Punkten aus. Den Toon Aerts ass den Zweete mat 78 Punkten an Drëtten de Laurens Sweeck mat 67 Punkten.

Bei de Juniore gouf et dann nach eng Victoire fir den Italiener Mattia Agostinacchio virum Valentin Hofer aus Éisträich (+ 4 Sekonnen) an dem Lennes Jacobs aus der Belsch (+50 Sekonnen). Mam Lennox Papi war och ee Lëtzebuerger Coureur mat un den Depart gaangen. Fir hie stoung um Enn mat engem Ecart vu 4:30 Minutten déi 19. Plaz.