Elio Clarysse wënnt zu Ettelbréck viru Bettendorff a Berton
Bei de Dammen konnt Gwen Nothum sech virum Elena Lopes an dem Kylie Bintz duerchsetzen.
26 Konkurrenten hate sech de Mëtteg fir d'Course vun der Espoir/Elite bei den Hären ageschriwwen.
Nieft der Lëtzebueger Elite ronderëm de Champion Loïc Bettendorf war aus der Belsch och den Elio Clarysse um Depart. Dee beschten Depart hat de jonke Rick Meylender. De Coureur aus dem Dippecher Veräi war gëschter zu Herentals an der Belsch gefuer an huet sech déi ganze Course an den éischte Positiounen opgehalen.Um Enn vum éischten Tour an der Sand-Passage hat sech den Elio Clarysse awer un d'Spëtz gesat a sollt iwwer déi aacht Tier och do bleiwen.
Aus Lëtzebuerger Siicht hat säi gréissere Konkurrent, de Champion Loïc Bettendorff, zu deem Ament de Coup verpasst. Am 2. Tour huet de Clarysse mat senger Kraaft op deene Passagë wou fest ze drécke war, vu senge Konkurrente kënnen ofsetzen. De Parcours an den Däichwisen ass dofir bekannt, datt et schwiereg ass fir grouss Ecarten nees zouzefueren. Hannert dem Belsch huet sech e Lëtzebuerger Trio positionéiert.
Meylender, Conter a Berton ware gutt an der Course. De Loïc Bettendorff huet e puer Sekonnen hannendrun probéiert an de Rhythmus ze kommen. Den Noa Berton huet sech en Häerz geholl a probéiert d'Lach op de Clarysse zouzefueren. Bis op 10 Sekonnen koum hien un de Belsch erun, ganz bäi awer ni. Wat d'Course méi laang gedauert huet, ëmsou méi ass et opgefall, datt de Loïc Bettendorff amgaange wier opzehuelen. Fir d'éischt ass et him gegléckt fir bei Meylender, Conter a Berton opzeschléissen. An op eemol huet een sech gefrot, op et net souguer nach géif duergoe fir nach bei de Clarysse opzeschléissen.
Um Enn ass de Clarysse vir bliwwen, dat och wéinst senger excellenter Technik fir mam Vëlo iwwer d'Hürden ze sprangen, e Konschtstéck dat net all seng Konkurrenten de Mëtteg beherrscht hunn. No aacht Tier konnt de Belsch als Vainqueur iwwer d'Arrivée fueren, e puer Sekonnen hannendrun dann de Loïc Bettendorff an als 3. konnt sech de Noa Berton klasséieren.
Den nächste Cross hei am Land ass den 1. Januar zu Péiteng.