D'Ouverture vum Vëlodrom zu Munneref a gutt dräi Joer bedeit, datt d'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun de Wee op d'Pist maache muss.

Esou gouf Enn November een Training fir all lizenzéierte Coureur aus all Alterskategorie ugebueden. D'Open Track Days, ewéi se genannt ginn, goufen ënnert anerem vum Frank Schleck a Brian Nugent an d'Liewe geruff. D'Zil dobäi ass et, esou vill jonk Athleten an Athletinnen ewéi méiglech op d'Pist ze bréngen. Nom Motto, wat ee méi fréi ufänkt, wat besser, hu sech vill Jonker bei dësem Stage vun 2 Deeg zesummefonnt. Donieft hunn och e puer Junioren, esou wéi een Elite-Coureur an e puer Damme beim Training matgemaach.
 
De Wee op d'Pist ass keen einfachen. Nieft der Strooss an dem Cyclocross ass een um Pist-Vëlo ouni Bremsen a mat engem Pignon-Fixe ënnerwee. Dëst bedeit, dass d'Fuergefill an d'Beherrsche vum Vëlo e ganz anert ass. Dëst bréngt nëmme Virdeeler fir d'Coureuren an eng Ofwiesslung an hirem Training.
 
D'Pist ass eng Disziplin, an där Lëtzebuerg nach net esou doheem ass. An awer huet d'Vëlosfederatioun d'Zil, esou vill wéi méiglech Coureuren ze motivéieren, fir an e puer Joer eng erfollegräich Pist-Ekipp ze hunn. Dobäi läit de Fokus och op Munneref, wou d'Athleten an d'Athletinnen ee Vëlodrom ewéi dee vu Sportsflander Zolder zur Verfügung gestallt kréien.