Beim Cyclocross-Weltcup zu Gavere an der Belsch gouf et en Donneschdeg eng Victoire fir d'Fem van Empel.

D'Hollännerin hat eng Avance vu 37 Sekonnen op hir Landsfra Lucinda Brandt a vu 46 Sekonnen op d'Puck Pieterse. D'Marie Schreiber koum en Donneschdeg op déi 9. Plaz mat engem Retard vun 3 Minutten a 25 Sekonnen. D'Maité Barthels koum op déi 42. Plaz an d'Layla Barthels klasséiert sech op der Plaz 48.

D'Resultat am Iwwerbléck

1 VAN EMPEL Fem Visma-Lease a Bike 52:24
2 BRAND Lucinda Baloise Trek Lions 0:37
3 PIETERSE Puck Fenix-Deceuninck 0:46
4 VAS Blanka Kata 1:36
5 BACKSTEDT Zoe 2:06
6 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan - Corendon 2:18
7 NORBERT RIBEROLLE Marion Crelan - Corendon 2:30
8 BAKKER Manon Crelan - Corendon 2:56
9 SCHREIBER Marie 3:25
10 BETSEMA Denise Pauwels Sauzen - Bingoal 3:35