E Sonndeg ass a Frankräich déi 7. Manche vum Cyclocross-Weltcup gefuer ginn.

Net hire beschten Dag hat d'Marie Schreiber e Sonndeg beim Cyclocross-Weltcup zu Besançon a Frankräich erwëscht. D'Lëtzebuergerin ass net iwwer déi 18. Plaz erauskomm an hat e Réckstand vu véier Minutten an 22 Sekonnen op d'Gewënnerin Fem van Empel aus Holland. Fir d'van Empel ass et déi drëtt Weltcup-Victoire an dëser Saison.

D'Weltmeeschterin huet d'Course vun der Spëtzt ewech dominéiert an hire Konkurrentinne keng Chance gelooss. Si hat um Enn eng Avance vu 37 Sekonnen op d'Lucinda Brand aus Holland. Déi drëtte Plaz huet sech d'Blanka Vas aus Ungarn geséchert. Si hat e Retard vun enger Minutt an zwou Sekonnen.

D'Marie Schreiber hat op en Neits e séiere Start erwëscht an hat sech un d'Spëtzt gesat. Op deem ganz schmieregen Terrain hat d'Lëtzebuergerin am éischten Tour an enger Descente eng kleng Chute an huet doduerch Zäit a Plaze verluer. Si huet sech op der 5. Plaz nees agereit. Dës konnt si awer net bis zum Schluss halen. An der zweeter Hallschent vun der Course huet d'Lëtzebuergerin weider Positioune verluer, fir um Enn déi 18. ze ginn. Dat ass hir schlechtst Placéierung bei engem Weltcup an dëser Saison. Si huet och d'Féierung an der U23-Wäertung un d'Brittin Zoe Backstedt verluer. D'Marie Schreiber läit elo un der zweeter Positioun mat engem Retard vu véier Punkten.

Mam Maïté a Layla Barthels ware bei den Dammen zwou weider Lëtzebuergerinnen um Depart. Fir si sinn et d'Plaze 45 a 54.

Bei den Häre gouf et eng weider souverän Victoire vum Mathieu van der Poel. Hien huet sech virun de Belsch Toon Aerts an Niels Vandeputte duerchgesat. Si haten e Retard vun 20 respektiv 36 Sekonnen.

E Sonndeg de Moie war bei de Junioren de Lennox Papi de beschte Lëtzebuerger. Hien huet sech als 37. op dräi Minutten an 13 Sekonne klasséiert. De Jonah Flammang-Lies ass de  50. op iwwer véier Minutte ginn. Gewonne gouf d'Course vum Fransous Soren Bruyère Joumard.

D'Resultat vun den Dammen

1 VAN EMPEL Fem Visma-Lease a Bike 52:45
2 BRAND Lucinda Baloise Trek Lions 0:37
3 VAS Blanka Kata 1:02
4 BACKSTEDT Zoe 1:51
5 VOS Marianne Visma-Lease a Bike 1:53
6 ALVARADO Ceylin Del Carmen Fenix-Deceuninck 1:57
7 VAN DER HEIJDEN Inge Crelan - Corendon 2:09
8 NORBERT RIBEROLLE Marion Crelan - Corendon 2:25
9 GERY Célia AS Bike Racing 2:29
10 CLAUZEL Hélène 2:40
...
18 SCHREIBER Marie 4:22
45 BARTHELS Maité 9:13
54 BARTHELS Layla -1 Tour