"No der Chute geet et besser wéi erwaart"
D'Marie Schreiber ass virun enger knapper Woch op engem Weltcup gefall an huet sech blesséiert. Zwee Deeg virun der WM ass d'Coureuse optimistesch.
"No der Chute geet et am Fong besser wéi erwaart", esou d'Profisportlerin zwee Deeg virun hirer Course bei der Cyclocross-Weltmeeschterschaft.
Dëst Joer start d'Marie Schreiber eng leschte Kéier bei den U23, d'Hoffnung, fir ënnert déi dräi Bescht vun der Welt ze kommen, géif weider bestoen.
Am grousse Ganze géif si sech gutt spieren.
Um Sonndeg nees 100 Prozent fit?
D'Weltmeeschterschaft zu Liévin a Frankräich ass dat grousst Zil gewiescht. Op d'Fro, ob d'Lëtzebuergerin e Sonndeg nees 100 Prozent fit wier, sot si:
"Egal wéi, ob ech 100 Prozent sinn oder net, ech gi mäi Bescht. Méi kann ech am Fong net maachen."
"Déi Stäerkste wäerte gewannen"
No der Reconnaissance um Freideg huet d'Marie Schreiber vun engem schwéiere Cross geschwat. De Bulli wier net extreem déif, géif de Parcours awer méi lues maachen. D'Lëtzebuergerin hätt sech dat e bëssen anescht virgestallt, ma an den nächsten zwee Deeg kéint d'Streck nach e bëssen dréchnen.
"Op alle Fall gëtt et e schwéiere Cross. A wou och mengen ech, déi Stäerkste gewannen an all Kategorie."
D'Zil fir e Sonndeg wier onverännert, an dat bleift e Podium an eng Medail fir Lëtzebuerg bei enger Cyclocross-Weltmeeschterschaft.
Dir kënnt d'Course e Sonndeg vun 13 Auer u live op der Tëlee an op RTL.lu kucken.