E Sonndeg ass et op der zweeter Etapp vum Tour duerch den Oman iwwer 202,9 Kilometer vun Al Rustaq Fort op Yitti Hills gaangen.

Am Tour duerch den Oman huet sech de Belsch Louis Vervaeke d'Victoire op der 2. Etapp geséchert. Hien hat eng Avance vun 2 Sekonnen op de Peloton. Hei hu sech de Fransous Valentin Paret-Peintre an de Britt Sean Flynn d'Plazen 2 an 3 geséchert.

De Vervaeke iwwerhëlt duerch d'Victoire d'Féierung am General. Hien huet eng Avance vu 6 Sekonnen op de Paret-Peintre an 8 Sekonnen op de Flynn.

De Michel Ries ass um 2. Dag als 71. op 7 Minutten a 40 Sekonnen iwwer de Wäisse Stréch gefuer. De Luc Wirtgen hat als 110. e Réckstand vun 21 Minutten a 50 Sekonnen. Am General ass de Ries den 72. op 7 Minutte 50 an de Wirtgen den 115. op 22 Minutten.

D'Klassement vun der Etapp

1 VERVAEKE Louis Soudal Quick-Step 4:45:06
2 PARET-PEINTRE Valentin Soudal Quick-Step 0:02
3 FLYNN Sean Team Picnic PostNL ,,
4 ENGELHARDT Felix Team Jayco AlUla ,,
5 BRENNER Marco Tudor Pro Cycling Team ,,
6 MULUBRHAN Henok XDS Astana Team ,,
7 CRAS Steff Team TotalEnergies ,,
8 YATES Adam UAE Team Emirates - XRG ,,
9 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
10 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
...
71 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 7:40
110 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 21:50

De General

1 VERVAEKE Louis Soudal Quick-Step 9:12:15
2 PARET-PEINTRE Valentin Soudal Quick-Step 0:06
3 FLYNN Sean Team Picnic PostNL 0:08
4 GAUDU David Groupama - FDJ 0:11
5 BRENNER Marco Tudor Pro Cycling Team 0:12
6 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
7 YATES Adam UAE Team Emirates - XRG ,,
8 ULISSI Diego XDS Astana Team ,,
9 FANCELLU Alessandro JCL Team UKYO ,,
10 WARBASSE Larry Tudor Pro Cycling Team ,,
...
72 RIES Michel Arkéa - B&B Hotels 7:50
115 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 22:00