Op der 4. Etapp vum Tour duerch den Oman gouf et eng Victoire am Massesprint vum Hollänner Olav Kooij, virum Italiener Giacomo Nizzolo.

De Michel Ries fiert als 47.an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner iwwert d‘Arrivée.

Am Generalklassement ass de Fransous David Gaudu am Maillot vum Leader, 6 Sekonnen virum Britt Adam Yates. Hei ass de Ries den 59. op 9 Minutten 14.