ACL an FSCL ënnerschreiwe Partenariat
Vëlofuere soll gefërdert an nohalteg Mobilitéit gestäerkt ginn

© ACL
Den ACL an d'FSCL wëllen domat de Vëlo an all senge Forme promouvéieren, an der Fräzäit, am Sport oder an der deeglecher Mobilitéit.
Den Automobilclub an d'Vëlossportfederatioun wëlle konkreet Initiative proposéieren, déi zur Ënnerstëtzung a Sensibiliséierung vun de Cycliste bäidroen. Dorënner ee séchere Wee fir jonk Vëlofuerer, Aarbechtsgruppen zur Verbesserung vun der Infrastruktur an Aktioune fir Sécherheet an Ernierung.
Am meeschte gelies