Op der éischter Etapp vum Tour de la Provence goung et iwwer 169 Kilometer vu Marseille op Saint-Victoret.

Dobäi konnt sech den Ir Sam Bennett um Schluss no 4 Stonnen, 12 Minutten an 30 Sekonnen duerchsetzen, dat virum Lukas Kubis aus der Slowakei an dem Fransous Alexis Renard. Eenzege Lëtzebuerger am Feld ass den Alex Kirsch. Hien ass als 30. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwert d'Linn gefuer.