Fir den Dän ass et déi éischt Victoire bei enger Een-Dages-Course am Joer 2025. Bei den Damme goung d'Victoire un d'Lorena Wiebes.

Bei der Een-Dages-Course vun Ypres op Wevelgem war de Mads Pedersen net ze schloen. Nodeem den Dän an enger Echappée dobäi war, konnt hie sech 55 Kilometer virun der Arrivée ofsetzen a gouf bis an d'Zil net méi agefaangen. Fir de Pedersen ass et déi insgesamt 50. Victoire a senger Karriär. Hie hat virun zwee Deeg beim E3 als Zweeten d'Victoire nach knapp verpasst.

De Podium vun der 87. Editioun gouf mam Belsch Tim Merlier an dem Italieener Jonathan Milan komplettéiert.

Op dem 250 Kilometer laange Parcours war den Alex Kirsch den eenzege Lëtzebuerger, deen d'Course op en Enn gefuer ass. Hie gouf schlussendlech 36. an hat 49 Sekonne Retard op de Gewënner Pedersen. De Bob Jungels an den Arthur Kluckers haten opginn.

Bei der 169 Kilometer laanger Dammecourse konnt sech d'Lorena Wiebes am Sprint géint d'Elisa Balsamo an d'Charlotte Kool duerchsetzen. Fir d'Wiebes ass et schonn déi 7. Victoire am Joer 2025. D'Nina Berton ass als 78. an der selwechter Zäit wéi d'Gewënnerin iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Klassement vun der Häre-Course

1 PEDERSEN Mads 5:30:31
2 MERLIER Tim 0:49
3 MILAN Jonathan ''
4 KRISTOFF Alexander ''
5 HOFSTETTER Hugo ''
6 BALLERINI Davide ''
7 GIRMAY Biniam ''
8 BERCKMOES Jenno ''
9 MEEUS Jordi ''
10 REX Laurenz ''
...
36 KIRSCH Alex ''

Klassement vun der Damme-Course

1 WIEBES Lorena 4:11:19
2 BALSAMO Elisa ''
3 KOOL Charlotte ''
4 VAN'T GELOOF Marjolein ''
5 CONSONNI Chiara ''
6 GILLESPIE Lara ''
7 WILLIAMS Lily ''
8 WOLLASTON Ally ''
9 VERHULST-WILD Gladys ''
10  RYSZ Kaja ''
...
78 BERTON Nina ''