Bei der 108. Editioun vum Giro sinn de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets an de Michel Ries um Depart.

Virschau Giro d'Italia / Reportage Sam Rickal

Vun e Freideg u gëtt bei den Hären den éischte groussen Tour vun der Saison 2025 gefuer. Aus der albanescher Haaptstad Tirana geet et iwwer 21 Etappen op Roum. Vum 9. Mee bis den 1. Juni hunn d'Coureuren 3.433 Kilometer ze fueren. 3 Roudeeg sinn an der 108. Editioun ageplangt.

Sou war et d'lescht Joer

De Giro 2024 war déi grouss Pogacar-Show. De Sloween hat sechs vun den 21 Etappe gewonnen an d'Generalklassement mat bal zéng Minutten Avance dominéiert. Mat op de Podium geklomme waren de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez an de Britt Geraint Thomas. De Michel Ries hat sech am Generalklassement op der gudder 25. Plaz klasséiert.

De Parcours

Déi 108. Editioun kuerz resuméiert. Den Depart vum Giro ass an Albanien, hei gëtt den éischte Maillot Rose gesicht. Déi éischt dräi Deeg geet et stänneg biergop a biergof, net einfach fir d'Sprinter. Den zweeten Dag steet schonn en éischt Zäitfuere vun 13,7 Kilometer um Programm. Am Ganze ginn 42,3 Kilometer géint d'Zäit gefuer.

No den dräi Deeg an Albanien geet et no engem éischte Roudag eriwwer an Italien. Do kann ee sech déi eng oder aner Arrivée am Sprint erwaarden. An der éischter Woch steet och déi éischt Arrivée biergaus um Programm. Héichpunkt vun der éischter Woch ass awer d'Gravel / d'Strade-Bianche-Etapp an der Toskana um Sonndeg. Déi zweet Woch geet mat engem flaachen Zäitfueren un. Dono kommen e puer Deeg, op deenen d'Echappée seriö Chancen huet, duerchzekommen an awer och déi éischt richteg schwéier Biergetapp.

Sou wéi een et am Giro gewinnt ass, gëtt déi 3. Woch richteg schwéier. Als Kinneksetapp kann een déi 16. bezeechnen. Iwwer 203 Kilometer sinn iwwer 4.000 Héichtemeter ze fueren. An der leschter Woch geet et och iwwer bekannt Bierger wéi de Mortirolo an de Colle delle Finestre. D'Finall zu Roum dierft mat engem Sprint op en Enn goen.

Déi zwee Lëtzebuerger

Fir de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets geet et an der franséischer Ekipp GROUPAMA - FDJ fir déi éischte Kéier an den Giro d'Italia. Hei kritt den 28 Joer ale Coureur bestëmmt Aufgaben un der Säit vum Grimpeur David Gaudu. Et kann ee sech awer och virstellen, datt et op verschiddenen Deeg eng Méiglechkeet gëtt, fir mat an d'Echappée ze sprangen an do op e gutt Resultat ze fueren. Den Giro gëtt de sechste groussen Tour an der Karriär vum Kevin Geniets.

De Michel Ries steet fir eng aner franséisch Ekipp um Depart. ARKEA-B&B HOTELS ass op der Sich no neie Sponsoren a kéint um Enn vun der Saison aus dem Peloton verschwannen. Gutt Leeschtunge vum 27 Joer ale Coureur dierften aneren Ekippen opfalen. De gudde Grimpeur wäert probéieren, déi eng oder aner Echappée ze erwëschen. Och hie fiert mam Giro säi sechste groussen Tour.

Favoritten

Zu de Favoritten zielen ënner anerem de Sloween Primoz Roglic, den Italieener Antonio Tiberi, den Ecuadorianer Richard Carapaz, awer och Coureure wéi de jonke Spuenier Juan Ayuso. Et dierf ee gespaant sinn, wéi sech d'Course iwwer déi dräi Wochen entwéckelt. Ouni den Tadej Pogacar kann ee sech eng méi oppe Course astellen. Vun de genannte Favoritte konnte bis elo de 35 Joer ale Roglic (2023) an de véier Joer méi jonke Carapaz (2019) d'Course gewannen.