Am Giro d‘Italia stoung eng schwéier Biergetapp um Programm.

Den Italiener Christian Scaroni wënnt déi 16. Etapp an der Géigend vu Venedeg. Zesumme mat sengem Co-Equipier Lorenzo Fortunato war hien Hand an Hand iwwer d'Zil gefuer, woubäi de Fortunato dem Scaroni ëm e puer Zentimeter de Virtrëtt gelooss huet. Op Plaz dräi kënnt den Giulio Pellizzari. Véierte gëtt de Richard Carapaz aus Kolumbien op eng Minutt 10.

De Kevin Geniets fiert als 112. ronn 38 Minutten nom Gewënner iwwert d‘Arrivée.

Am Generalklassement bleift de Mexikaner Isaac del Toro aus Mexiko, deen 13. gouf, un der Spëtzt, 26 Sekonnen virum Britt Simon Yates an 31 Sekonnen virum Carapaz. Hei ass de Geniets den 41. op ronn eng Stonn an 16 Minutten.

Ee vun de grousse Favoritten, de Primoz Roglic huet en Dënschdeg opginn. De Slowen war eng weider Kéier an eng Chutte verwéckelt. Op den naasse Stroosse vun der Kinneksetapp ass de Roglic ronn 95 Kilometer virun der Arrivée gefall an huet definitiv d'Course verlooss.