De Britt huet op der leschter richteger Etapp de Leader Isaac del Toro hannert sech gelooss an um Enn d'Féierung am General selwer iwwerholl.

E Samschdeg stoung déi zweetlescht Etapp vum Giro d'Italia um Programm, wou sech de Chris Harper d'Victoire séchere konnt. Den Australier war op der Arrivée zu Sestrière no 205 Kilometer 1:49 Minutt virum Alessandro Verre an dem Simon Yates ukomm.

De Kevin Geniets war laang am gréissere Spëtzegrupp dobäi a fiert um Enn mat engem Retard vun 9:21 Minutten op eng gutt 21. Plaz.

Am General iwwerhëlt de Simon Yates duerch säin Effort den Isaac del Toro an ass domadder neie Leader. Well op der leschter Etapp zu Roum bekanntlech net méi ëm d'Féierung am General attackéiert gëtt, ka sech de Britt sou gutt wéi sécher iwwer d'Schlussvictoire vum Giro freeën. Op der 1. Plaz huet hien um Enn e Virsprong vun 3:56 Minutten op den Isaac del Toro, deen op dëser Etapp net méi mathale konnt, a 4:43 Minutten op de Richard Carapaz.

De Kevin Geniets klëmmt am General ëm dräi Plazen a steet elo mat engem Réckstand vun 1:56:33 Stonn op der 34. Plaz.

Resumé

No relativ flaachen éischten 100 Kilometer war et fir d'Coureuren eng éischte Kéier an d'Bee gaangen. Fir erop op de Colle del Lys vun der 2. Kategorie hat sech ee gréissere Grupp un der Spëtzt forméiert, wou ënner anerem och de Kevin Geniets an och de Leader Isaac del Toro mat dobäi war. Déi schwéierst Montée vum Dag sollt awer nach op sech waarde loossen. Fir erop op de Colle delle Finestre vun der Hors catégorie knapp 50 Kilometer virun der Arrivée ass dee Grupp dann ëmmer méi auserneegefall. Eng Rei Attacke goufen et an och de Leader aus Mexiko hat seng Problemer fir ganz vir nach matzehalen. Grousse Gewënner vun dëser Montée war de Simon Yates, dee sech am virtuelle General un d'Spëtzt setze konnt. Fir déi lescht 20 Kilometer stoung dann nach eng méi kleng Montée vun der drëtter Kategorie um Programm, wou sech de Chris Harper eleng un der Spëtzt rëmfonnt huet. Den Australier hat ee Virsprong vu knapp zwou Minutten an huet sech d'Dagesvictoire och net méi huele gelooss.

D'Klassement vun der 20. Etapp

1. HARPER Chris 5:27:29
2. VERRE Alessandro 1:49
3. YATES Simon 1:57
4. GAROFOLI Gianmarco 3:52
5. ROCHAS Rémy 3:57
6. MARCELLUSI Martin 4:31
7. VERONA Carlos ,,
8. POOLE Max 6:45
9. DEL TORO Isaac 7:10
10. PELLIZZARI Giulio ,,

21. GENIETS Kevin 9:21

De General 

1. YATES Simon 79:18:42
2. DEL TORO Isaac 3:56
3. CARAPAZ Richard 4:43
4. GEE Derek 6:23
5. CARUSO Damiano 7:32
6. PELLIZZARI Giulio 9:28
7. BERNAL Egan 12:42
8. RUBIO Einer 13:05
9. MCNULTY Brandon 13:36
10. STORER Michael 14:27

34. GENIETS Kevin 1:56:33