E Sonndeg stoung um Belval déi leschten Etapp vun der 74. Flèche du Sud um Programm.

Um Sonndeg war et déi leschte Méiglechkeet fir d’General-Fuerer déi éischt Plaz streideg ze maachen. Manner wéi 30 Sekonnen hunn déi éischt 15 Fuerer getrennt an do hat sech nach een oder deen aneren de Sonndeg Mëtteg eppes vir geholl fir de Martijn Rasenberg de Maillot ofzehuelen. Den Trikot vum beschte Biergfuerer war rechneresch fest op de Schëllere vum Simone Zanini dee mat 55 Punkten an domadder 45 Punkten Avance  just nach huet missen ukommen.

Schlussvictoire fir de Martijn Rasenberg
E Sonndeg stoung um Belval déi leschten Etapp vun der 74. Flèche du Sud um Programm.

Pünktlech um fënnef virun eng ass et um Belval, virun der Rockhal, fir déi verbleiwend 99 Coureure lass gaangen. A vun Ufank un hunn d’Coureuren de Wee no vir gesicht. An och den Tom Thill huet een am mix em d’Echappée mat erëm fonnt.
Um Enn war et eng kleng Echappée déi sech ofsetze konnt. Mat dobäi de Schwäizer Arnaud Tendor dee mat 9 Sekonne Retard am General de 5. war.

D’Course hannendrunner huet sech berouegt a sou ass de Virsprong séier bis op 2 Minutte geklommen. D’Ekipp vum Leader huet op deene leschte 50 Kilometer dunn awer reagéiert an de Virsprong sollt iwwert déi nächste Kilometer schmëlzen. Aus 2 Minutte gouf eng, a vir an de leschte vu siwen Tier waren et just nach 30 Sekonne. Allerdéngs ware déi och séier fort sou dass et zum Regroupement koum an d’Kaarten op en neits nei gemëscht goufen.

Wärenddeems huet sech de Belval gutt gefeelt an och déi jéngste ware mat dobäi fir de Schluss vun dëser Flèche du Sud net ze verpassen.

Wuel sollt sech nach eng kéier e klenge Grupp ofsetze ma op de leschte Kilometer war nees alles zesumme. A sou war et de Joppe Heremans, och beschten Nowuessfuerer dee sech am Sprint duerchsetze konnt.

Als beschte Lëtzebuerger fiert den Tom Thill iwwert de Stréch, wärend de Charel Meyers säi Giele Maillot verdeedege konnt. De Biergpräis goung un e ganz aktive Simone Zanini. Am General huet sech näischt verännert sou dass sech de Martijn Rasenberg  mat 6 Sekonnen Avance op den Thomas Mein a 7 Sekonen op de Joppe Heremans ka behaapten.
 
D’Nächst Joer ass et dann de 75te Gebuertsdag vun der Flèch du Sud.