De Lëtzebuerger Proficyclist ass dëst Joer säin éischte Giro gefuer an ass ganz zefridde mat senger Leeschtung. Um Enn huet hie sech als 34. klasséiert.

E puer Deeg no der Arrivée zu Roum bléckt de Kevin Geniets positiv op seng éischt Erfarung am Giro d'Italia zréck:

"Ech sinn am Fong ganz zefridde mam Giro. Et war eng immens haart lescht Woch, mee dat war et fir jiddereen, mat immens vill Bierger. Ech war och an zwou gudden Echappéeën dran, wou et zum Schluss dann awer bësse gefeelt huet, fir e grousst Resultat ze maachen."

De Lëtzebuerger Proficyclist ass beim Giro d'Italia op déi 34. Plaz gefuer.

Eigentlech ass de Bilan awer ganz positiv, well de Profi vu Groupama-FDJ konnt aktiv Coursë fueren:

"An der Etapp vun de Strade hat ech immens vill Freed, wou ech mat de Leadere fuere konnt. D'Form war gutt, an ech hu mir déi lescht Woch vill Spaass gemaach, fir an déi richteg Echappéeën ze kommen."

Am General klasséiert sech de Lëtzebuerger no 21 Etappe mat engem Réckstand vun 1 Stonn 56 Minutten a 33 Sekonnen op der 34. Plaz. Seng weider Pläng gesinn esou aus:

"Ech wäert elo nach den Tour d'Occitanie (18. - 21. Juni) a Frankräich fueren, wou ech dann hoffentlech e klengt Resultat wäert kënne maachen, éiert ech dat nationaalt Championnat uginn. Dono wäert ech bësse Paus maachen, warscheinlech keen Tour fueren, a mech éischter op de Schluss vun der Saison konzentréiere mat Coursen, déi mir definitiv kënne leien. D'lescht Joer konnt ech net un deenen deelhuelen, well ech den Tour gefuer war, an op déi hunn ech wierklech Loscht. Et ass also en alternative Programm géintiwwer de Jore virdrun."

Bis elo war et e gudden éischten Deel vu senger Saison mat engem gudde Grand Tour, an de Kevin Geniets hofft, dass hien esou ka weiderfueren, mat der Hoffnung, dass dat bëssen, wat nach feelt fir d'Hänn an d'Luucht ze räissen, an de nächste Méint nach wäert kommen.