Ee Lëtzebuerger an déi dräi Bescht aus dem leschten Tour um Depart

Den Tadej Pogacar a Giel an de Jonas Vingegaard am Trikot vum beschte Biergfuerer. / © AFP
Vum 8. bis de 15. Juni gëtt den Dauphiné gefuer a live op RTL iwwerdroen.
154 Coureuren aus 22 Ekippe ginn e Sonndeg de Moien zu Domérat un den Depart. Da maache sech mat Tadej Pogacar, Jonas Vingegaard a Remco Evenepoel déi dräi Éischt vum Tour de France op eng richteg schwéier 77. Editioun vum Criterium du Dauphiné. Et ass nämlech keen Dag wierklech flaach.
"Déi véier éischt Deeg si schonn net sou einfach, well et ëmmer 2.000 bis 3.000 Héichtemeter ze iwwerwanne gëtt. Mä do wäerten et keng grouss Ofstänn am General ginn, bis zum Contre-la-montre. De Weekend ass immens schwéier mat der Etapp vun e Samschdeg, wou et iwwer dräi grouss Koppe geet", sou de Michel Ries vun Arkea-B&B Hotels.
An do erwaart ee sech natierlech e Kampf am General virun allem tëschent dem Tadej Pogacar an dem Jonas Vingaard. De Sloween ass dës Saison bei all Course, déi der hie gestart ass, op de Podium komm. D'Strade Bianchi, den Tour des Flandres, d'Flèche Wallonne a Léck-Baaschtnech-Léck huet de Pogacar gewonnen. De Jonas Vingegard huet nëmmen 10 Course-Deeg an de Been an huet no enger Chute op der 5. Etapp vu Paris-Nice missen opginn. Dat war och dem Michel Ries um Ufank vum Giro d'Italia geschitt. Mee no fënnef Deeg Paus konnt sech de 27 Joer ale Lëtzebuerger erëm op de Vëlo setzen an huet säi Course-Programm ugepasst.
"Sou huet et sech erginn, dass ech den Dauphiné, dee virum Tour de Suisse ass, ka fueren. An ech probéieren, da meng Form aus dem Giro ze notzen, fir e gutt Resultat ze maachen", hofft de Michel Ries.
D'Ekipp Visma an UAE wäerten d'Course vun engem Moment u wëlle kontrolléieren. D'Formatioun Arkea huet kee Klassementsfuerer dobäi an dofir ganz aner Ziler.
"Mir hu kee Coureur fir de General, dofir wäerte mir attackéieren an eng Situatioun ofwaarden, wou sech eppes fir eis kéint erginn."
Wéi sech de Michel Ries beim Critérium du Dauphiné schléit, kënnt Dir live um 1. RTL op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu an um RTL Play kucken. E Sonndeg vun 13.30 Auer u gëtt déi éischt Etapp vun Domérat op Montluçon live iwwerdroen.