Ronn 1.400 Gravel-Fuerer um Depart zu Veianen

© MECO
E Samschdeg 21. Juni gëtt Veianen zum Mekka fir ronn 1.400 Gravel-Biker. De Parcours iwwer 115 Kilometer féiert och iwwer déi däitsch Grenz.
Et ass de Vëlostrend vun de leschte Joren: Gravelbike. Wuertwiertlech iwwersat "Schottervëlo", si se eng Ofwandlung vum Cyclocross-Vëlo, mat relativ breede Pneuen, fir duerch den Terrain ze fueren. Ronderëm dee weltwäiten Trend ass och eng Rennserie an d'Liewe geruff ginn, déi ënnert dem Schierm vun der internationaler Vëlosfederatioun UCI organiséiert gëtt. Aus enger Rei vu weltwäiten Eventer ginn do déi jeeweils 20-30 séierste Qualifikante vun all Altersgrupp ermëttelt, déi Mëtt Oktober zesummen an enger grousser Finall an Holland de Weltmeeschtertitel ënnert sech wäerten ausmaachen.
De Parcours
De Samschdeg 21. Juni gëtt ronderëm Veianen den "Éislek Gravel Luxembourg" gefuer. De Parcours erstreckt sech iwwer 47 Kilometer, ronn zur Hallschent opgedeelt op déi zwou Säite vun der Our. Bësch, Pawee, géi Montéeën, Natur, selektiv Descenten - d'Streck wäert mat hiren 1.820 Héichtemeteren, déi fir d'Elitt z'iwwerwanne sinn, e ganz eegene Charakter opweises hunn. D'Fraen iwwer 50 an d'Männer iwwer 60 Joer wäerte 70 Kilometer fueren, grad esou wéi d'Kategorie "Open", an där jiddereen (och Gruppen) matfueren dierf, deen net un der WM-Qualifikatioun deelhuele wëllt.
D'Participanten
Sou kënnt et an de 17 verschiddene Gruppen zu enger Zuel vu ronn 1.500 Participanten. Den Event ass domat ausverkaaft. Ronn 11 Prozent vun den Ageschriwwenen si Lëtzebuerger. Bei der Elitt sinn, nieft den aktuellen Top-Gravel-Spezialisten, eng Partie aner bekannten Nimm um Depart. De Greg van Avermaet (Olympiagoldgewënner 2016 op der Strooss), den Johnny Hoogerland an de Lëtzebuerger Cyclocross-Champion Loïc Bettendorff. Bei den Damme wäert déi frëschgebaken Duebel-Gold-Gewënnerin vun de Spiller vun de kleng Länner Marie Schreiber sech mat der internationaler Konkurrenz moossen.
Lass geet et den 21. Juni moies um 10 Auer mam Depart vun der Elitt bei de Männer. Duerno wäerte bannent enger hallwer Stonn, no a no, all déi aner Kategorië fuere gelooss ginn. Alleguer d'Informatioune ronderëm den "Éislek Gravel Luxembourg" liest Dir iwwer dëse LINK op der Homepage vum grousse Gravel-Event.