Quinn Simmons séchert sech d'Victoire

© AFP
Op de wallonnéierten 195,6 Kilometer vun Aarau op Heiden hat den US-Amerikaner um Enn eng Avance vun 18 Sekonnen op d'Favoritten.
Zwee méi schwéier Colen, ee vun der 2. an ee vun der 3. Kategorie, haten d'Coureuren en Dënschdeg am Tour duerch d'Schwäiz hannert sech ze bréngen. Aus enger Echappée eraus huet de Quinn Simmons ronn 20 Kilometer virun der Arrivée seng decisiv Attack duerchgezunn. Um Enn konnte weder den Joao Almeida, nach den Oscar Onley den Amerikaner erëm afänken.
Déi béid Lëtzebuerger Luc Wirtgen a Bob Jungels koumen op der drëtter Etapp op iwwer 9 Minutten op déi 87. respektiv op iwwer 15 Minutten op déi 108. Plaz. De Jungels ass no enger Chute vum Geraint Thomas mat sengem Leader bis op d'Arrivée gefuer.
Top 10 vun der Etapp
1 SIMMONS Quinn Lidl - Trek 4:39:42
2 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 0:18
3 ONLEY Oscar Team Picnic PostNL ,,
4 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ ,,
5 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels ,,
6 CHRISTEN Jan UAE Team Emirates - XRG ,,
7 CHRISTEN Fabio Q36.5 Pro Cycling Team ,,
8 BILBAO Pello Bahrain - Victorious ,,
9 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
10 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team ,,
...
87 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 9:12
108 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 15:01
General
1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 11:26:01
2 VAUQUELIN Kévin Arkéa - B&B Hotels 0:25
3 LEMMEN Bart Team Visma | Lease a Bike 0:27
4 ALAPHILIPPE Julian Tudor Pro Cycling Team ,,
5 O'CONNOR Ben Team Jayco AlUla 1:18
6 GROßSCHARTNER Felix UAE Team Emirates - XRG ,,
7 KÄMNA Lennard Lidl - Trek ,,
8 CASTRILLO Pablo Movistar Team ,,
9 BARTA Will Movistar Team 1:37
10 FORTUNATO Lorenzo XDS Astana Team ,,
...
102 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 26:09
111 WIRTGEN Luc Tudor Pro Cycling Team 28:32