Eddy Merckx feiert 80. Gebuertsdag

De Belsch huet a senger Karriär ënner anerem 5 Mol de General a 34 Etappen am Tour de France gewonnen.
Vun 1965 bis 1978 huet den Eddy Merckx 279 Victoiren um Profi-Niveau konnte feieren. Donieft och 5 Mol d'Schlussvictoire vum Giro d'Italia an eng Kéier vun der Vuelta. De "Kannibal", wéi de Belsch och nach genannt gëtt, hat bis d'lescht Joer de Rekord vun deene meeschte gewonnenen Etappen an der Grand-Boucle. De Mark Cavendish konnt sech op der 5. Etapp vum Tour de France 2024 seng 34. Victoire sécheren an huet domadder den deemools 47 Joer ale Rekord geknackt.
Ëmmer erëm Doppingvirwërf
Den Numm "Kannibal" krut den Eddy Merckx wéinst sengem groussen Honger no Victoiren. Méi wéi eng Kéier gouf him virgeworf ze doppen. 1969 gouf den elo 80 Joer ale Belsch wéinst Dopping aus dem Giro d'Italia ausgeschloss, duerft awer beim Tour de France puer Méint méi spéit un den Depart goen. Um Enn konnt hie sech seng éischte Schlussvictoire am General sécheren. 1973 an 1977 si weider positiv Tester dobäi komm.
Den Eddy Merckx zielt haut trotzdeem nach zu deene gréisste Legenden an der Geschicht vum Vëlossport.1969 hat et de fréiere Profi vun ënner anerem Molteni am Tour de France fäerdeg bruecht, souwuel 6 Etappen, de General, d'Sprint-Wäertung, de Bierg-Präis, d'Ekippewäertung, wéi och de Präis vum Meilleur Combatif ze gewannen. 50 Joer méi spéit, wéi de Grand Départ vun der Grand-Boucle zu Bréissel an der Belsch war, gouf den Eddy Merckx nach ëmmer fir seng Prestatioune gefeiert.