Déi 112. Editioun vun der Grande Boucle ass e Genoss fir Frënn vun den Zuelen a Statistiken.

De Parcours
Zu Lille, am Norde vum Hexagone, fänkt den Tour de France 2025 un. De Parcours féiert duerno an deN Nordweste vu Frankräich, éier et an de Pyrenäen eng éischte Kéier esou richteg an d'Bierger wäert goen. An der leschter Woch vum Tour wäert d'Decisioun da wuel falen, wann et an d'Alpe geet. Arrivée no 21 Etappen an 3.338,8 Kilometer ass wéi gewinnt zu Paräis.

Bekannt Schwieregkeeten, déi et dëst Joer ze meeschtere gëllt, sinn zum Beispill de Col du Tourmalet, de Col d'Aspin, de Col de Peyresourde, de Col du Glandon, de Col de la Madeleine an de Mont Ventoux. Donieft sti fir déi 184 Participanten aus 23 Ekippen zwee Zäitfueren um Programm.

RTL

© AFP

Et geet erop an erof

Fir déi éischte Kéier zanter 2020 féiert de Parcours net baussent d'Grenze vu Frankräich. 11 Regiounen a 34 Departementer leien um Tracé. Dobäi gëllt et, 52.200 Héichtemeter ze bewältegen. Déi si verdeelt op 26 Schwieregkeete vun der zweeter, éischter an hors Catégorie. 8 dovu leien am Massif Central, 8 an de Pyrenäen, 9 sinn der an den Alpen an eemol geet et och an de Jura. Den Daach vum Tour de France 2025 ass mat 2.304 Meter iwwer 0 d'Arrivée um Col de la Loze.

RTL

© AFP

Sécherheet geet vir
300 Persounen, déi zoustänneg si fir d'Sécherheet, begleeden de ganzen Tour. 3.000 Leit hunn d'Aufgab, all Dag Material (Palissaden, Zonk, Gitteren, Depart, Arrivée...) op- an ofzebauen. Vum Inneministère si fir de ganzen Tour ronn 28.000 Polizisten, Gendaarmen a Pompjeeën ofgestallt. 7 Ambulanze sinn am Asaz, zwou Voitures médicales, e Moto médicale, donieft gehéiere 7 Infirmieren an 10 Dokteren zum Staff, deenen e Camion zur Verfügung steet, an deem och geröntgt ka ginn.

RTL

© AFP

Media
Den Tour gëtt vun 100 Tëleeschaînen an 190 Länner iwwerdroen, dovu sinn der 60 live op Sendung. Sou wéi RTL. Ronn 110 Stonne Live-Cyclissem gi fir d'Tëlee iwwerdroen, 2024 goufe méi wéi eng Milliard Stonnen, weltwäit zesummegerechent, op der Tëlee gekuckt. Akkreditéiert sinn 1.800 Journalisten aus aller Welt, déi fir 500 verschidde Mediae schaffen. Den Tour ass natierlech och online - op letour.fr goufen d'lescht Joer 86 Millioune Säiten opgeruff vun 31 Millioune verschiddenen Utilisateuren. Op de verschiddene soziale Reseauen (Facebook, X, Instagram etc.) huet den Tour 13,7 Millioune Follower.

RTL

Den Tom Flammang an de Kim Kirchen kommentéieren den Tour all Dag live fir Iech. / © rtl.lu

D'Caravane 
Beléiften Element bei de Spectateuren ass all Joer d'Caravane publicitaire. 37 verschidde Marken oder Institutiounen huelen dëst Joer drun deel. 600 Leit suerge fir gutt Stëmmung a kleng Kaddoen. Si si verdeelt op 150 Autoen, dovu sinn der 23 Hybrid- an 19 Elektrogefierer. De Spektakel dauert all Dag ronn 35 Minutten, a verdeelt sech op eng Längt vu ronn 10 Kilometer.

A mat deem heite Video vum Organisateur kritt wuel och dee Leschten Appetit op d'Grande Boucle: