Ralph Diseviscourt huet e weidere Rekord am A
De Ralph Diseviscourt, och "Dizzy" genannt, huet e Méindeg mat senger Ekipp eng Konferenz zum Sujet Preparatioun a Motivatioun am Ultracyclisme gehalen.
Als Papp vun zwee Kanner, Familljemënsch an Employeur op enger Bank ass et fir den 48 Joer ale Sportler net einfach alles ënnert een Hutt ze kréien. Seng Succèse wiere just d'Spëtzt vum Äisbierg. Dat, wat d'Leit ni gesinn, dat ass d’Aarbecht hannert de Kulissen.
Ma d’Organisatioun gëtt awer och ëmmer méi schwéier, sou war et fir d'lescht am Joer 2018, datt den Dizzy bei der bekanntster Course um Ultracyclisme Kalenner, der Race Across America dobäi war, an do och Zweete gouf. Am Joer 2021 huet de Lëtzebuerger dunn zu Rochefort an der Belsch de 24-Stonne-Weltrekord an der Kategorie Outdoor Track geknackt. Mat 930 Kilometer huet hien de Rekord gehalen, bis den däitsche Christoph Strasser dëse Rekord mat iwwer Dausend Kilometer iwwertraff huet. De Ralph huet awer fir Zukunft e weidere Rekord am A.
Et bleift ze hoffen, datt de Vëlodrome zu Munneref pünktlech fir dem Dizzy säi Rekord fäerdeg gëtt, sou dass hien e weidere Weltrekord hei am Land feiere kéint.