E Mëttwoch gouf et am Vëlossport eng weider déidlech Chute wärend enger Course.

De jonken italieeneschen Nowuessfuerer Samuele Privitera ass no enger Chute wärend der éischter Etapp vum Tour du Val d’Aoste an Italien un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen. D'Noriicht iwwer den Doud vum 19 Joer alen Nowuesstalent gouf vu senger Ekipp Hagens Berman Jayco, der Nowuessekipp vun Jayco–AlUla, déi den Ament beim Tour de France am Asaz ass, confirméiert.

"Mir sinn zudéifst getraff vun der tragescher Noriicht, dass de Samuele Privitera gestuerwen ass. Mir traueren ëm en onheemlech talentéierte Vëlosfuerer, mat groussem Häerz an enger besonnescher Perséinlechkeet. Hien ass vill ze fréi gestuerwen."

Den Teamchef Axel Merckx, Bouf vum legendären Eddy Merckx, gëtt zitéiert: "Eis Ekipp ass wéi eng kleng Famill a Momenter wéi dës sinn onvirstellbar. De Samuele ass net ze ersetzen. Seng Freed, säi Spirit, seng Frëndlechkeet huet all Raum méi hell gemaach. Hien ze verléieren, mir feelen d'Wierder. Mir sinn dankbar fir all Moment, dee mir mat him haten."

D'Ëmstänn vum Accident sinn dem Organisateur no nach onkloer. D'Chute war an enger Descente an der Géigend vu Pontey, an der Regioun Val d'Aoste am Nordweste vun Italien. De Coureur war séier op der Plaz vum Accident vu Rettungsekippe behandelt an an d'Spidol transportéiert ginn. Do ass hien u sengen uerge Blessure gestuerwen.

Wéi déi italieenesch Zeitung "Corriere della Sera" schreift, soll de Coureur an enger Descente op enger Buedemwell d'Kontroll iwwer säi Vëlo verluer hunn.

Aus Respekt a Matgefill hunn d'Organisateuren decidéiert, datt déi 2. Etapp en Donneschdeg net gefuer gëtt. E Freideg soll d'Course mat enger Gedenkminutt weidergoen. Et soll awer keng Präisiwwerreechunge méi ginn.

Ëmmer nees kënnt et am Vëlossport zu déidleche Chutten. D'lescht Joer war den Norweger André Drege beim Tour duerch Éisträich gefall an déidlech blesséiert ginn. Och déi jonk Schwäizerin Muriel Furrer war bei der U23-WM zu Zürich an der Schwäiz déidlech verongléckt.