Feeler, déi e Maillot Jaune op de leschten Deeg soll evitéieren

© AFP
Am Tour de France bleiwen, nom Roudag vum Méindeg, nach sechs Etappe bis d'Arrivée zu Paräis.
Am Generalklassement huet den Tadej Pogacar, no 15 Etappen déi scho gefuer sinn, eng Avance vu 4 Minutten an 13 Sekonnen op den Dän Jonas Vingegaard, a vu 7 Minutten an 53 Sekonnen op den Däitsche Florian Lipowitz. Déi Fro, déi ee sech sechs Etappe viru Schluss ka stellen, ass, ob dem Pogacar de Maillot Jaune nach iwwerhaapt ewech ze huelen ass. Dozou den RTL-Expert am Cyclissem, Kim Kirchen:
"An et ass natierlech déi Fro, déi jidderee sech freet. Well de Pogacar ass einfach am Moment dee Stäerksten an dat beweist en och op all Etapp, am Zäitfuere wéi och an de Bierger. Dat war och e bësse virauszegesinn. De Vingegaard, deen natierlech e bësse Plomme gelooss huet am Ufank vum Tour, déi éischt Woch, huet ze vill Zäit verluer, ass och nodenklech ginn an huet sech awer elo erëmkaaft, virun e puer Deeg, esou datt d'Moral trotzdeem bei Visma e bësse besser ass. An e Vingegaard, wann en d'Been huet, da wäert en an der leschter Woch nach eng Kéier probéieren an dann hofft een eventuell op e Pogacar, dee Schwieregkeeten huet. Op jidde Fall, ech soen et ëmmer erëm, en Tour de France ass schwéier an och fir e Pogacar ginn et schwéier Deeg. A wann een do e Feeler mécht, da kann een och do eng Kéier richteg nach Schwieregkeete kommen, wéi dat jo schonn eng Kéier de Fall war."
Et gëllt elo also, op de leschten Deeg verschidde Feeler net ze maachen, seet den RTL-Cyclissem-Expert Kim Kirchen weider:
"Éischtens déi, dass de vläicht awer elo e bëssen net oppass, wat s de zou der hëls vun der Ernärung hier. Du muss oppassen, dass de dech net erkaals. Du muss oppassen, dass de awer och net ze vill Energie investéiers op Plazen, wou et net onbedéngt muss sinn. D'ganz Ekipp muss fonctionéieren. Dat heescht et kann och emol sinn, dass de eng Kéier kuerz isoléiert bass an e Vingegaard, dee vläicht och erëm méi staark gëtt an en huet schonn eng Kéier de Pogacar distanzéiert. An dat kann ëmmer erëm mol de Fall sinn. Dat heescht d'ganz UAE-Ekipp muss weider konzentréiert schaffen an de Leader esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzen. An och e Pogacar muss all Dag seriö huelen, well och an eng Chute ass ee ganz schnell verwéckelt."
En Dënschdeg geet et mat der 16. Etapp weider. De Peloton fiert vu Montpellier iwwer 171,5 Kilometer a Richtung Mont Ventoux, wou dann zum Schluss d'Montée op dee legendäre Col um Programm steet.