Wéi héich sinn d'Primme pro Ekipp beim Tour de France?

© Photo by MARCO BERTORELLO / AFP
Am Ganze gëtt et beim Tour de France ee Präisgeld vun 2,5 Milliounen Euro, dat awer zimmlech ongläich verdeelt gëtt.
E Sonndeg huet den Tadej Pogacar mat der Arrivée zu Paräis seng 4. Victoire vum Tour de France perfekt gemaach. Domadder huet de Slowen senger Ekipp eng héich Zomm u Sue geséchert. Ma wéi vill gëtt et iwwerhaapt fir de Gewënn vum Tour a wat spréngt fir de Rescht vun den Ekippen eraus?
D'Organisateure setze bei der Verdeelung vun de Primme ganz kloer op Leeschtung. Eleng 500.000 Euro ginn et fir d'Ekipp vum Vainqueur. Duerno kommen nach weider Sue jee no der Placéierung vun de Coureuren drop. Duerch den Tadej Pogacar a seng Coequipieren huet UAE Team Emirates bei dëser Editioun also am Ganze 701.280 Euro krut. Fir d'Team Visma-Lease a Bike gouf et als Zweetplacéiert 383.150 Euro a fir Red Bull-Bora-Hansgrohe als Drëtten um Podium 190.490 Euro.
Anescht gesäit et dogéint fir déi hënnescht Ekippen aus. Fir d'Schlussliicht Cofidis sinn nämlech beispillsweis just 15.510 Euro rauskomm.
Déi komplett Lëscht mat de Primme pro Ekipp
- UAE Team Emirates XRG: 701 280 Euro
- Team Visma-Lease a Bike: 383 150 Euro
- Red Bull-Bora-Hansgrohe: 190 490 Euro
- Team Picnic PostNL: 124 430 Euro
- Lidl-Trek: 103 770 Euro
- Decathlon-AG2R La Mondiale: 84 880 Euro
- EF Education-Easypost: 76 080 Euro
- Soudal-Quick Step: 72 810 Euro
- Alpecin-Deceunink: 69 920 Euro
- Uno-X Mobility: 68 300 Euro
- Arkéa-B&B Hotels: 58 760 Euro
- Bahrain Victorious: 55 700 Euro
- Ineos Grenadiers: 51 650 Euro
- Team Jayco-AlUla: 44 830 Euro
- Intermarché-Wanty: 32 300 Euro
- Tudor Pro Cycling Team: 30 490 Euro
- XDS Astana Team: 29 240 Euro
- TotalEnergies: 28 360 Euro
- Groupama-FDJ: 24 640 Euro
- Lotto: 20 240 Euro
- Movistar Team: 16 830 Euro
- Israel-Premier Tech: 15 640 Euro
- Cofidis: 15 510 Euro