De Jasper Philipsen gewënnt de Sprint zu Novara

© AFP
E Samschdeg ass et zum Optakt vun der Vuelta iwwer knapp 187 Kilometer vun Turin op Novara gaangen.
Et ass domadder déi éischte Kéier, dass d'Vuelta a España an Italien ufänkt. Et war eng flaach éischt Etapp, déi de Sprinter eng Chance op de Rouden Trikot ginn huet.
Den Hugo de la Calle hat sech fréi eleng ofgesat, hie gouf awer eng 40 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton agefaangen.
Wéi erwaart gouf dës éischt Etapp zu Novara dunn am Sprint decidéiert. Hei konnt de Jasper Philipsen sech däitlech virum Britt Ethan Vernon an dem Venezuelaner Orluis Aular duerchsetzen.
De Belsch iwwerhëlt deemno och d'Féierung am General a wäert e Sonndeg am Rouden Trikot un den Depart goen. Den Ethan Vernon an de Pepijn Reinderink leie wéinst de Bonifikatiounen mat engem Retard vu 4 Sekonnen op der 2. an 3. Plaz.
De Bob Jungels ass als 69. iwwer d'Zillinn gefuer, dat an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur. Am General läit hien no der éischter Etapp op der 71. Plaz.
D'Klassement vun der Etapp
1 Philipsen Jasper Alpecin - Deceuninck 4:09:12
2 Vernon Ethan Israel - Premier Tech ,,
3 Aular Orluis Movistar Team ,,
4 Viviani Elia Lotto ,,
5 García Cortina Iván Movistar Team ,,
6 González David Q36.5 Pro Cycling Team ,,
7 Coquard Bryan Cofidis 0:10
8 Silva Guillermo Thomas Caja Rural - Seguros RGA ,,
9 Pidcock Thomas Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 Mihkels Madis EF Education - EasyPost ,,
...
69 Jungels Bob INEOS Grenadiers ,,
De General
1 Philipsen Jasper Alpecin - Deceuninck 4:09:02
2 Vernon Ethan Israel - Premier Tech 0:04
3 Reinderink Pepijn Soudal Quick-Step ,,
4 Aular Orluis Movistar Team 0:06
5 Vinokurov Nicolas XDS Astana Team ,,
6 Bouwman Koen Team Jayco AlUla 0:08
7 Viviani Elia Lotto ,,
8 García Cortina Iván Movistar Team ,,
9 González David Q36.5 Pro Cycling Team ,,
10 Coquard Bryan Cofidis ,,
...
71 Jungels Bob INEOS Grenadiers 0:10