
Nodeems d’Suzie Godart sech virun e puer Wochen den Europameeschtertitel konnt sécheren, kënnt si e Samschdeg op der Weltmeeschterschaft an der Kategorie vun den Dammen tëscht 60 a 64 Joer op déi 2. Plaz.
No ronn 40 Minutte Course hat si e Retard vun enger Minutt an 10 Sekonnen op d’Corinne Pillot aus Frankräich, déi sech den Titel konnt sécheren. Op déi 3. Plaz koum d’Louisa de Lorenzo Poz aus Italien. 10 Damme sinn d`Course op en Enn gefuer.
E Sonndeg war mam Pol Weisgerber en zweete Lëtzebuerger bei der Cyclocross WM fir Masters um Depart. An der Kategorie vu 35 bis 39 Joer konnt sech de Coureur LG Alzingen mat engem Retard vun enger Minutt a 47 Sekonnen op der gudder 8. Plaz klasséieren. Gewonne gouf d`Course vun däitsche Sascha Starker. D`Plazen 2 an 3 ware fir den Hollänner Rick Seele an de Fransous Jean–Pierre Prudentino. 50 Coureure sinn d`Course op en Enn gefuer.

D’Masters-WM gëtt a verschiddene Kategorien vun 35 Joer u gefuer. Deen eelste Starter ass den däitschen Erwin Gaede mat 81 Joer.