De Loïc Bettendorff ka sech erëm duerchsetzen
No senger Victoire e Samschdeg an der Militär-WM, war de Lëtzebuerger och zu Zéisseng dee Séiersten. Bei den Damme gewënnt d'Slowenin Vita Morvin.
Wéi schonns e Samschdeg, war et och e Sonndeg de Mëtteg nees eng Course bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt. A fir den Depart vun der Damme-Course sollten och déi éischt Schnéiflacken de Parcours wäiss fierwen. E Parcours, deen duerch de gefruere Buedem extrem séier, awer och technesch usprochsvoll gouf.
Um 14.15 Auer sinn déi 6 Dammen op de Parcours geschéckt ginn. Et sollt laang Zäit no enger Victoire vun der Juniorin June Nothum ausgesinn, mee zwee Tier viru Schluss konnt d'Slowenin Vita Morvin awer nees bäikommen an och direkt laanscht zéien. D’Lach sollt ëmmer méi grouss opgoen, sou dass d’Slowenin um Enn mat enger Avance vun 42 Sekonnen d’Victoire virum June Nothum konnt feieren.
Eng Stonn nom Depart vun den Damme war et un den Hären. No senger Victoire e Samschdeg um Härebierg war den aktuelle Lëtzebuerger Champion Loïc Bettendorff als klore Favorit an d’Course gaangen. Hien haut aus der drëtter Rei misse fort fueren.
Bis an den zweeten Tour huet et gedauert, bis de Bettendorff sech dunn un d’Spëtzt geschafft hat an den Tempo och direkt ugezunn huet, en Tempo dee kee vu senge Konkurrente konnt matgoen. Hannert dem Bettendorff huet sech e Grupp vu véier Coureure forméiert mat den 3 Lëtzebuerger Ken Conter, Lennox Papi a Raphael Kockelman, zesumme mam Belsch Eliot Claryssen, dem Leader am Skoda Cross Cup.
Och wann am Grupp den Tempo héich gehale gouf, sollt et net duergoe fir nees bäi ze kommen, sou dass de Loic Bettendorff a senger zweeter Kurs seng zweete Victoire konnt feieren.
Spannend sollt et bis op e Schluss ëm déi zweete Plaz bleiwen. Nodeems de Clarysse wéinst engem techneschen Defekt den Uschloss verluer hat, konnt sech de Ken Conter am Sprint géint de Lennox Papi duerchsetzen.
Nächste Weekend geet et fir d’Cyclocross-Spezialisten dann zu Schëffleng weider.