Dës Woch ass de Gilles Michely Invité am Podcast Drëtt Hallschent.

De Lëtzebuerger Dëschtennisspiller huet mam Jeff Kettenmeyer a Rich Simon iwwert déi nächst wichteg Woche mat Coupe a Championnatsfinall geschwat.

Donieft war och déi grouss Diddelenger Dominanz Thema. D'Ekipp aus der Forge du Sud huet an de leschten 8 Joer 15 vu 16 méiglechen Titele geholl. De Gilles Michely schwätzt awer och iwwert Schwieregkeeten a Punkto Motivatioun Enn 2020.

Drëtt Hallschent Episod 29 mam Gilles Michely

All d'Episode vun "Drëtt Hallschent" fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

RTL