Den éischte Sport Podcast vun der neier Saison steet am Zeechen vum Futtball.

Den 19. August gouf de Jeff Strasser als Successeur vum Luc Holtz annoncéiert. Ronn 2 Woche méi spéit huet fir d'FLF-Selektioun déi nei WM-Campagne ugefaangen. Den neien Nationaltrainer Jeff Strasser huet am Gespréich mam Jeff Kettenmeyer erzielt, wéi hien déi éischt zwee Matcher als Trainer vun de Roude Léiwen erlieft huet.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 201: Jeff Strasser

Onglécklech Néierlag géint d‘Slowakei

„En Deel vu mir ass rosen an traureg iwwer d‘Resultat, mee en aneren Deel virun allem immens houfreg iwwert dat, wat mir all a kuerzer Zäit konnten ëmsetzen“. Et bréicht awer nach e puer Deeg bis dat ganz verdaut wier. An de Matcher géint Nordirland an d‘Slowakei wier een onofhängeg vun de Resultater awer 3 vu 4 Hallschente besser gewiescht wéi de Géigner.

Den nächste Match géint Däitschland

„Jidderee freet sech drop, mee um Enn bleift et just ee Futtball-Match“. Trotz den éischten zwee Matcher wier Däitschland nach ëmmer de grousse Favorit am Grupp. Et géif eng ganz schwéier Aufgab fir d‘Rout Léiwen ginn, awer och ee gudden Challenge, fir sech ze beweisen. Den Danel Sinani, dee gespaart ass, kéint ee wuel net qualitativ ersetzen, mee et besteet och d‘Hoffnung, datt de Christopher Martins dann zeréck ass.

UEFA-Pro-Lizenz mam Julian Nagelsmann

2016 huet de Jeff Strasser d‘UEFA-Pro-Lizenz als Trainer ofgeschloss. Am selwechte Joergang war och de Julian Nagelsmann, deen haut däitschen Nationaltrainer ass. „Deemools huet ee scho gemierkt wat hien drop huet. En tickt méi séier wéi ganz vill aner Traineren“. Et géif wuel nach ee Kontakt tëscht deenen zwee bestoen, notamment no Erfolleger mat Leipzig a Bayern München, mee dee wier awer net alldeeglech.

Réckbléck op eege Karriär

„Technik an Talent ass eng Saach, mee de Wëlle muss och do sinn“. Fir als Futtball-Profi eng Karriär kënnen ze maachen, misst ee säin Zil kloer virun Aen hunn an dann och ee gewësse Liewensstil hunn, fir et ze packen. De Jeff Strasser huet sech a senger Karriär virun allem och doduerch ausgezeechent, datt hien ëmmer Engagement a Wëlle gewisen huet. Am Podcast erzielt hien och wien déi stäerkste Géigner waren an a wéi ee Stadion hie besonnesch markéiert huet.
 
Dee ganze Podcast fannt Dir op RTL Play.