Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Mam Steve Weber iwwert seng Volleyball-Karriär

© RTL-Archivbild
Dës Woch ass de Volleyballspiller Steve Weber an eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
Den Invité an der 3. Hallschent ass dës Woch de Steve Weber. De Volleyballspiller huet ënnert anerem an der 2. Däitscher Bundesliga gespillt. Elo ass hien awer nees zeréck bei säi Stammveräin op Bartreng komm. Do dernieft spillt hien awer och nach Nationalekipp an och Beachvolley. Dat sinn Themen iwwer déi am Podcast geschwat gëtt.
Drëtt Hallschent: Episod 47 Steve Weber
All d'Episode vun "Drëtt Hallschent" fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.

Am meeschte gelies