Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Mam Luka Mladenovic iwwer den Opstig an d'Bundesliga a seng Ziler fir d'Zukunft

Am Podcast "Drëtt Hallschent - De Sporttalk" ass dës Woch den Dëschtennisspiller Luka Mladenovic eisen Invité.
Mam Dëschtennisspiller Luka Mladenovic, hu mir iwwer den Opstig mat sengem Mainzer Veräin an déi däitsch Bundesliga geschwat, seng Frëndschaft mam Leandro Barreiro a seng kuerz- a mëttelfristeg Ziler. An dat souwuel mat Mainz wéi och mat der Nationalekipp. De Luka Mladenovic huet awer och nach erzielt, wéi schwéier et ass, fir no enger Blessur zeréckzekommen.
Drëtt Hallschent Episod 74: Luka Mladenovic
De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.
Am meeschte gelies