Invité am Podcast "Drëtt Hallschent – De Sporttalk" ass dës Woch de President vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

De Romain Schockmel ass dës Woch den Invité an der "Drëtter Hallschent". D'Theme beim Rich Simon waren d'Hären- an d'Dammennationalekipp, eng méiglech Benelux-Liga an och den Arbitrage.

De President vun der FLH huet och annoncéiert, datt hien och dat nächste Joer seng Kandidatur fir de Presidenteposte wäert stellen.